Den landwirtschaftleche Betrib BRISBOISHAFF gëtt an der 4. Generatioun vum Jessica an Andy Brisbois zu Bäreldeng gefouert. Den, am Joer 2009 nei ausgesidelten Haff befënnt sech zweschen den Uertschaften Bäreldeng an Steesel um Territoire vun der Gemeng Walfer.
Et handelt sech em en familiär gefouerten Meschbetrieb mat Mammenkouhaltung vun den Rassen Limousin an Angus, Ochsen-/Stéiermascht souwéi Ackerbau zur eegener Fuddermëttelhierstellung. D´Mammenkei grasen zesummen mat hiren Källefcher an Ranner vum Fréijoer bis an den Hierscht eran dobaussen ob den groussflächegen Weeden. Di kal Wanterméint verbréngen si am modernen, hellen Stall op Stréi an gi mat, op den eegenen Fläche produzéiertem Hee, Gras-/Maissilo an Kären bäigefiddert.
Seit Juli 2020 vervollstännegen och Hénger d Bild vum Brisboishaff. Eng kleng Grupp Hénger, zesummen mat hieren Hunnen gin ënnert natierlechsten Bedingungen dobaussen an der Wiss, mat hellef vun engem mobillen Héngerstall, gehalen. Duerch dat einfacht versetzen vum Stall, wiesselt den Auslaf vun den Hénger reegelméisseg, sou dass si ëmmer frëscht, säfteg Gras fir ze Picken oder einfach ronderëm ze Flitzen zur Verfügung hunn.
Betriebsspiegel – Kurz an Knapp
Landwirtschaftlechen Familljebetrib an 4. Generatioun
Ronn 160 Hektar landwirtschaftlech Notzfläch
Dovun ¼ Ackerland an ¾ Dauergrengland
Um Ackerland gëtt Fuddermëttelproduktioun bedriwwen
Ronn 130 Mammekéi vun den Rassen Limousin an Angus
Ausmascht vun den eegenen Stéieren souwéi Ranneropzuucht
300 Hénger an mobiller Freilandhaltung